TAUSCHKREES NORDEN A.S.B.L.

Beweggrënn fir en Tauschkrees aus chrëschtlecher Siicht

E Bléck op eis Gesellschaft weist äis, datt d' Mënschen ënnertenaner ëmmer méi vereenzelnen. De gréissere Komfort, de Fait nët mei esou op eisen Noper ugewisen ze sinn, jo esouguer d'Kommunikatioun iwwert déi nei Medien ënnerstëtzen den Trend vum " Jiddferee- fir -sech " . Och si mer gewinnt alles ze kafen, fir alles Geld auszeginn an all Saach mam Euro ze bewäerten . Eent vun eisen Haaptwierder ass "kafen", eng vun eisen Haaptfroen ass "wat kascht dat"?

("Jesaja 55: Kaaft ouni Geld…")


 

Mir stellen awer och fest, datt een nach laang nët alles kafe kann, a besonnesch net déi wichtigst Saachen am Liewen; de Mënsch nieft äis, d' Sympathie, echt Unerkennung an all déi Wäerter dei fir e Chrëscht zielen, Wäerter, déi e Mensch huet, deen a Relatioun mat Gott steet. Wat fir eng Wäerter dat sinn, seet äis de Paulus am Bréif un d' Galater.

(Gal 5, l 8 ; Gal 5, 22-23)


 

Wa mer äis vu Gottes Geescht leede loossen, ginn äis och d'An op fir déi vill Leit an eiser Mëtt, déi op d' Hëllef vun engem Matmënsch ugewise sinn . Mir stellen awer och oft fest, datt mir selwer mol d'Kompetenz vun anere brauchen an op eng aner Hand oder en anere Kapp ziele mussen.

Beonrouhigend ass déi aktuell Tendenz, alles wëllen ze kommerzialiseieren, d. h. alles der Regel vum Profit ze ënnerwerfen, fir Geld draus ze maachen. Hei si mir Chrëschte besonnech gefördert, d'Geforen ,déi an dëse Stréimungen leien, opzedecken ~ se unzeprangeren an Alternativen derzou opzeweisen. De chrëschtlechen Optrag léisst et net zou, Gott an dem Mamon ze déngen.

(Lk 16, 13 ; Ex 20,3)


 

Eng méiglech Alternativ kéint den Tauschkrees sinn. Als Leit, déi hiert Liewen nom Evangelium gestalte wëllen, sinn heimat e puer Beweeggrënn genannt, fir esou eng Aktioun ze starten an äis drunn ze bedeelichen.

  1. D' Perikop aus dem Mattäusevangelium ass äis bekannt. De Jesus ass an enger ofgeleeënner Géigend. Vill Leit hu sech ëm hien a seng Frënn versammelt. Et gëtt Owend. D'Leit sinn hongerech. Hie seet zu senge Frënn. " Gitt Dir hinnen eppes ze iessen ! " Si awer soen dorops hin: "Mir hu jhust 5 Brout an 2 Fësch ". Jesus fänkt dermat un, dat wat do ass, auszedeelen. Et stellt sech eraus, datt nach Iwwerfloss Rescht bleift. Mir kënne vun engem Wonner schwetzen. Bestoung d' Wonner net grad och doran, datt de Jesus hei mat enger ganz anerer Praxis ugefaangen huet; mam Deele vun deem ,wat do ass, mat deem wat deen Eenzelnen huet ? ~; D' Praxis vum Kafen ass ersat gi vun där vum Zesummeleeën an Deelen. D' Beispill vun den eischte chrëschtleche Gemeinschaften, déi äis de Lukas an der Apostelgeschicht nennt, sief op dëser Plaz genannt. (Apg. 2,44; Apg. 4,32) D' Resultat war ëmwerfend; et goufen 12 Kierf voll mat Brout, dat zevill war. Den Tauschkrees leit op dëser Linn.
  2. Déi éischt Chrëschte sinn opgefall, well se eng aner Praxis hate fir d'Liewen ze gestalten. D'Kraaft dofir hu se am Glawen u Gott fonnt. De Paulus leet dovun Zeechnis of (l Kor. 8, 5-6 ). Si hunn hir Existenz net un éischter Stell dem Unheefe vu Besëtz, dem Kafen a Verkafe vu Gidder an Déngschtleeschtunge verschriwwen, mä villméi dem hëllefräichen Emgang matenaner.
    Den Tauschkrees kënnt eng Méiglechkeet sinn, an eiser Konsumgesellschaft dësen aneren Akzent ze setzen.
    Dem " Tout marche " géif esou am ganz normalen Oflaf vum Liewen eng méi mënschefrëndlech Praxis entgéintwuessen.
  3. D' Sozialléier vun der Kierch betount zënter iwwert honnert Joer d' Prinzipie vun der Personalitéit,der Solidaritéit an der Subsidiaritéit. Dat si grouss Wierder, ëmmer nees zitéiert an heichgehalen.
    Den Tauschkrees kënnt e Wee sinn, op deem dës Prinzipien am Alldag kënnte gelieft ginn. D' Mensche kënnten sech als Persoun besser entfalen, Unerkennung fannen a sech eescht geholl spiren. Si kënnten Isolatioun iwwerwannen an solidaresch a fair Weeër géifen sech wéi en Netz tëschent den Individuen opbauen; dem Eenzelnen, der Koppel, der Famill oder dem Grupp seng Kompetenzen an Talenter wäre berücksichtegt ~ unerkannt a kënnte sech zum Wuel vun alle Bedeeligten entfalen.
  4. Duerch den Tauschkrees kënnt Kierch op eng kreativ Manéier matzen am Alldag vun de Leit eng weider Méiglechkeet entstoe loossen, hirem gesellschaftlichen Optrag gerecht ze ginn. Als gleewig Mënsche wëlle mir Salz fir d' Welt sinn, sou wéi de Mattäus et formuleiert. (Mt 5, 13) Duerch den Tauschkrees géif de Leit e sënnvolle Echange erméiglecht ginn. Sou kënnt der Iwwerbetounung vum Geld a vum Kommerz begéint ginn. An net zuläscht kënnt gewise ginn, datt d' Wirtschaft, dei sech an der Mëtt vun allem gesait, ounst villfälteg an onentgeldlech Beiträg vun den Eenzelnen, de Familljen an de Kommunitéiten op kee gréngen Zweig kéim.

Agenda

Keine Veranstaltungen gefunden

Registrieren / Einloggen

Kontaktieren Sie uns